D'Neiegkeeten

D'Noriichte fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mat den Neiegkeete gëss du all Samschdeg a manner wéi 3 Minutte gewuer, wat Lëtzebuerg beweegt. Mir benotzen eng einfach verständlech Sprooch a schwätzen e bësse méi lues, fir datt s du unhand vun der Realitéit däi Lëtzebuergesch kanns trainéieren.

  1. -6 j

    D'Neiegkeete vum 31. Oktober 2026

    Tripartite Mir bezuelen den Ament 5 Cent de Liter Bensinn an Diesel manner, wéi normal. Dat ass de sougenannten Tankrabatt. Dat leeft nach bis Enn Februar 2027 esou weider. Dann ass et awer eriwwer. All déi aner Energie-Hëllefe fir Stroum, Mazout a Gas – déi och elo a Kraaft sinn – ginn awer fir dat ganzt nächst Joer nach verlängert. Dat hunn d’Regierung, d’Patronat an d’Gewerkschaften en Donneschdeg am Comité de suivi vun der Tripartie decidéiert. D’Verlängerung vun den Energie-Mesurë kascht de Staat 150 Milliounen Euro. D’Regierung hofft, datt domat d’Inflatioun gebremst gëtt. Hiert Zil ass et nämlech, datt d’nächst Joer nëmmen eng Indextranche erfält. Dat heescht, datt d’Paien an d’Pensiounen 2027 nëmmen eemol ëm 2,5 Prozent gehéicht ginn.   Steierreform Den 1. Januar 2028 trëtt bei eis eng Steierreform a Kraaft. D’Chamber huet déi e Mëttwoch gestëmmt. Nei ass, datt et an Zukunft nach just eng Steierklass gëtt, d’Steierklass U. Déi Reform soll méi Gerechtegkeet bei de Steiere bréngen, de System méi einfach maachen an och derfir suergen, datt generell méi Sue fir de Bierger iwwereg bleiwen. Domat gëtt déi sougenannten Individualiséierung agefouert – wat dann och bedeit, datt een als Koppel zwou Steiererklärunge muss maachen. Untersuchungsprisong  De Prisong fir Untersuchungsprisonéier zu Suessem ass ze kleng, och wann en eréischt viru 4 Joer op   gaangen ass. Dat gouf dës Woch aus dem Justizministère confirméiert. Et sinn esou vill Prisonéier do, datt Verschiddener vun hinnen zënter dem Summer op Matrassen um Buedem schlofen. Bis elo, Enn Oktober, sollen awer 20 Etagebetter an d‘Prisongszelle bei gesat ginn. Esou kënnen an Duebelzellen 3 Leit schlofen. D‘Kapazitéit vum Untersuchungsprisong klëmmt domat vu 417 op 437. D’Prisonéier bleiwen an der Moyenne iwweregens 3,6 Méint an Untersuchungshaft.

  2. 24 oct.

    D'Neiegkeete vum 24. Oktober 2026

    Tripartite D’Regierung, d’Gewerkschaften an d’Vertrieder vun de Patrone souzen dës Woch ronderëm den Dësch. Dat am Comité de suivi vun der Tripartite, wéi dat offiziell heescht. Si hunn driwwer diskutéiert, wéi d’Regierung soll bei den héijen Energiepräisser vum Ament hëllefen. Enn vum Joer ass et eriwwer mat den aktuelle Mesuren. An de Premier Luc Frieden sot no der Reunioun, datt d’Energiemesuren awer op iergendeng Manéier solle weiderlafen. Méi gouf bis elo net decidéiert. Mee d’nächst Woch ass schonn eng weider Reunioun.  Quadripartite Da war dës Woch och d’Quadripartite: Do ginn Diskussioune gefouert, déi just ëm de Budget vun der Gesondheetskeess – der CNS - dréinen. An der Reunioun setze Ministeren, Gewerkschaften, Patronen a Prestatairë bei eneen. Si hunn e Mëttwoch festgehalen, datt d’Gesondheetskeess méi Suen ausgëtt, wéi se der era kritt. Dat muss sech awer änneren an dofir sollen elo Abuse bei Medikamenter zum Beispill bekämpft ginn. Mee och d’Beiträg vun de Salariéen a de Patrone wäerten an d’Luucht goen – nämlech ëm jee 0,125 Prozentpunkten an zwar op den 1. Januar. De Verwaltungsrot vun der CNS muss dat awer nach offiziell unhuelen.  Lëtzebuerger Sprooch Soll et dann obligatoresch gi fir Lëtzebuergesch ze léieren, wann ee fir eng laang Zäit hei am Land wunnt oder schafft? Dat war de Sujet vun enger Petitioun, déi dës Woch ëffentlech an der Petitiounskommissioun vun der Chamber diskutéiert gouf. An där Petitioun gouf ënner anerem kritiséiert, datt am Gesondheetssecteur esou vill Franséisch geschwat gëtt. Déi Petitioun ass esou awer net ugeholl ginn, wéinst dem Wuert "obligatoresch", wat dra steet. Dat wier nämlech net an der Realitéit ëmzesetzen an och rechtlech net méiglech, esou Vertrieder vun der Chamberkommissioun.  Bluttspenden D’Rout Kräiz huet dës Woch erëm en dréngenden Appell  gemaach fir Blutt ze spenden: Aktuell wieren d’Bluttreserven ënner deem Niveau, deen an den nächste Wochen an de Spideeler gebraucht gëtt. D’Rout Kräiz freet, datt jiddereen, dee kann, an den nächsten Deeg oder Woche dofir Blutt spende geet.

  3. 17 oct.

    D'Neiegkeete vum 17. Oktober 2026

    ILRES-Sondage  Wann e Sonndeg bei eis eng nei Chamber géif gewielt ginn, wier déi rietspopulistesch Partei ADR ee grousse Gewënner: Si géifen iwwer 3 Prozentpunkte bäigewannen. Och d’DP, déi gréng an déi Lenk géife méi oder manner gewannen. D’LSAP géif gläich bleiwen. Op där anerer Säit géif d’Piratepartei, mee virun allem och d’CSV Stëmme verléieren. D’Sëtzverdeelung an der Chamber no Walen ass e bësse speziell: Am ganze ginn et 60 Sëtz an d’CSV géif der – der Ëmfro no - 6 verléieren. Fir d’Pirate wier et e Minus vun 2. D’LSAP an d’DP géifen ee Sëtz bäikréien, déi gréng an d’ADR jee 3. A Prozenter wier eeben awer d’ADR de grousse Gewënner. D’Resultater vun der Ëmfro weisen awer och, datt déi aktuell Regierungskoalitioun nach just 30 vu 60 Sëtz an der Chamber hätt. Dat wier keng Majoritéit méi.  Rentrée an der Chamber Dës Woch war iwweregens d’Rentrée vun der Chamber no der Summervakanz. An den éischte Sëtzunge goufen dräi nei Deputéiert vereedegt: D’Josée Lorsché fir déi gréng, de Gary Diderich an d’Ana Correia fir déi Lenk. Si ass déi éischt kapverdianesch Fra, déi bei eis an d’Chamber kënnt.  Piratepartei D’Piratepartei war an de leschte Jore vill an der Press mat ënnerschiddleche Streidereien. An der leschter Legislaturperiod, tëschent 2018 a 2023, hu si Suen, déi si fir hir Aarbecht als Deputéierte kruten, net richteg agesat. An dofir goufe si elo gestrooft. D’Deputéierte Sven Clement a Marc Goergen kréien elo hir Indemnitéite fir ee bis zwee Méint tëschent 25 an 30 Prozent gekierzt. Kannergeld An der Chamber selwer gouf dës Woch eng Erhéijung vum Kannergeld gestëmmt. Vum 1. Januar u gëtt et 45 Euro méi pro Kand, 60 Euro esou guer fir Kanner vun 12 Joer un. D‘Hëllef fir d‘Schoulrentrée geet ëm 60, respektiv 90 Euro erop.

  4. 10 oct.

    D'Neiegkeete vum 10. Oktober 2026

    Budget 2027: "Fir d'Leit, fir Opschwong" De Finanzminister Gilles Roth vun der CSV huet an der Chamber de Gesetzprojet fir de Budget vum nächste Joer deposéiert a presentéiert. De Budget 2027 huet den Titel: "Fir d‘Leit, fir Opschwong". De Finanzminister huet dat esou resuméiert: "Mir investéieren, mir entlaaschten. Mir stäerken d’Kafkraaft vun de Leit. Mir stäerken d’Betriber. A mir halen d’Staatsfinanzen ënner Kontroll." D‘Zuele vum neie Budget gesinn esou aus: D‘Depensë vum Zentralstaat, also d‘Ausgaben, sollen op 35,8 Milliarden Euro klammen. An d‘Recetten, also d‘Einnamen, op 33,9 Milliarden Euro. Ënner dem Stréch ass domat en Defizit vun 1,9 Milliarden Euro fir d‘nächst Joer virgesinn.  "Lëtzebuerg ka sech dat erlaben, well d‘Recettë sech no uewen entwéckelen“, sot de Finanzminister. D‘Staatsschold soll bis 2030 dann och weider knapp ënner 30 Prozent vum Bruttoinlandprodukt bleiwen. Dat ass däitlech manner wéi a villen aneren EU Länner.  Budget 2027: Héich Investitiounen a steierlech Entlaaschtungen Mir kucken de Budget 2027 nach e bësse méi am Detail: De Staat gëtt a ville Beräicher méi Suen aus. Fir Familljen, zum Beispill, gëtt d‘Kannergeld am Januar gehéicht. An de Mindestloun klëmmt d‘nächst Joer och, ëm 3,8 Prozent.  Ee vun de gréisste Poste bei den Ausgabe sinn d‘Personalkäschte beim Staat. Déi sollen 2027 op 5,5 Milliarden Euro klammen.  Och fir d‘Verdeedegung an d‘Sécherheet si vill Sue virgesinn. D‘Ausgabe fir d‘Verdeedegung sollen d‘nächst Joer op 1,4 Milliarden Euro klammen. A fir d‘Police si 600 Milliounen Euro virgesinn. D‘Police soll ënner anerem nei Equipementer an Anti-Drone-Systemer kréien.  D‘Investitioune sollen op en neie Rekord klammen, vun iwwer 4,5 Milliarden Euro. Am Budget 2027 sinn och steierlech Entlaaschtunge fir d‘Betriber virgesinn. D‘Kierperschaftssteier – dat ass d‘Steier fir Betriber – soll fir grouss Entreprisë vu 16 op 15 Prozent erofgoen, a fir kleng a mëttelgrouss Betriber, vu 14 op 13 Prozent. Budget: Kritik vun Oppositioun, OGBL a Mouvement écologique Déi politesch Oppositioun huet gréisstendeels kritesch op de Budget 2027 reagéiert. D‘LSAP zum Beispill huet fonnt, datt d‘Regierung zwar vill Suen ausgëtt. Mee si hätt keng kloer Strategie fir déi grouss Problemer am Land ze léisen, zum Beispill déi héich Wunnengspräisser, esou d‘LSAP. D‘ADR huet fonnt, et wier net gutt fir Lëtzebuerg, wann d‘Land weider Scholde mécht.  Och vun der Ëmweltorganisatioun Mouvement écologique gouf et Kritik. D‘Regierung géif weider op ekonomesche Wuesstem setzen a net genuch géint d‘Klimakris maachen. D‘Gewerkschaft OGBL huet hirersäits kritiséiert, datt d‘Steiere fir d‘Betriber weider erofgesat ginn. Dat wier net fair vis à vis de Leit, well si nach ëmmer de gréissten Deel vun de Steiere géife bezuelen, esou den OGBL.

  5. 3 oct.

    D'Neiegkeete vum 3. Oktober 2026

    Déifferdeng krut 400.000 Euro geklaut D’Gemeng Déifferdeng huet 400.000 Euro geklaut kritt. Déii Sue sinn am Fréijoer op e falsche Kont iwwerwise ginn, wéi elo bekannt gouf. Den Ament gëtt zu Déifferdeng en neit Gemengenhaus gebaut. An iwwer dem Architektebüro hat d’Baufirma der Gemeng eng Rechnung vu 400.000 Euro ginn. Et ass dunn enger onbekannter Persoun gelongen, Zougang zum Email-Verkéier tëschent deenen dräi Partner ze kréien. An déi Persoun huet sech dunn als Vertrieder vum Architektebüro ausginn. Si huet d’Gemeng gefrot, datt d‘Suen op en anere Kont – wéi deen normalen - sollen iwwerwise ginn. Wat d‘Gemeng och gemaach huet. An domat waren déi 400.000 Euro fort.  Chamber-Rentrée D’Chamber kënnt no der Summervakanz ëmmer eréischt den zweeten Dënschdeg am Oktober zesummen. Dës Woch gouf et schonn eng Rentréespressekonferenz. De Chamberpresident Claude Wiseler huet ënner anerem do annoncéiert, datt d’Chamber an Zukunft méi Kënschtlech Intelligenz wëllt gebrauchen, fir de Service fir d’Bierger:innen ze verbesseren. Ënner anerem sollen esou Ënnertitele bei Live-Iwwerdrounge vu Chamberssitzungen erstallt ginn.  Neien Arméischef Déi Lëtzebuerger Arméi krut dës Woch en neie Chef: de Generol Claude Robinet huet vum Steve Thull iwwerholl, deen an d’Pensioun goung. D’Prioritéite vum neien Arméischef sinn ënner anerem d’Diversitéit vum Personal, mee och déi nei Technologien. D’Verteidegungsministesch Yuriko Backes sot nach,  datt d’Regierung de militäresche Beruff méi attraktiv maache wëllt. Tourismus De Summer ass eriwwer, et ass Zäit e Bilan vun der Touristesaison ze zeien. De Campingsecteur ass dee Beräich, deen dëst Joer am meeschte gewuess ass. Par rapport zum leschte Joer gouf et tëschent Januar a Juli  eng Steigerung vun 13 Prozent. D’Hoteller an d’Jugendherbergen haten dogéint liicht manner Iwwernuechtunge wéi am selwechten Zäitraum 2025.

  6. 26 sept.

    D'Neiegkeete vum 26. September 2026

    Hybrid Menace: Dronen iwwer Lëtzebuerg Och zu Lëtzebuerg goufen an de leschten Deeg net-identifizéiert Drone gesinn. Dat och iwwer dem Flughafen. Dat huet vill Onsécherheet a Problemer verursaacht. De Fluchverkéier um Findel gouf zweemol gestoppt. D‘Leit an d‘Medien hu sech vill Froen iwwer déi Drone gestallt. Zu Lëtzebuerg wëssen d‘Autoritéiten awer nach ëmmer net, wien hanner den Drone stécht. Dat sot de Premier Luc Frieden op enger Pressekonferenz. D‘Regierung kéint näischt soen, esou laang si net sécher weess, wie fir déi Drone responsabel ass, esou de Premier. Sécher ass awer: Et ware gréisser Dronen, déi een net esou einfach an engem Buttek ka kafen. De Premier sot och: D‘Dronen hätte bis elo keng Gefor fir d‘Populatioun duergestallt.  Oppositioun: Kritik u Krisekommunikatioun vun der Regierung D‘Oppositioun huet der Regierung hire Krisekommunikatioun iwwer d‘Drone kritiséiert. Et misst ee sech froen, firwat d‘Regierung eng Pressekonferenz mat dräi Ministeren ofhält, wa si näischt Neies iwwer déi Drone soe kann, esou d’Oppositiounsparteien LSAP, déi gréng an ADR. D‘Regierung hätt domat d‘Leit net verséchert, mee nach méi Onkloerheet iwwertd‘Drone geschaf.  UNO-Vollversammlung: Ried vum Grand-Duc Guillaume De Lëtzebuerger Grand-Duc Guillaume huet fir d‘éischte Kéier eng Ried virun der UNO-Vollversammlung zu New York gehalen. Virun him hat schonn ënner anerem den amerikanesche President Donald Trump op därselwechter Bün geschwat. Hien huet do seng "America First" Politik verdeedegt. De Grand-Duc Guillaume huet a senger Ried par contre de Multilateralismus an de Respekt virun internationalen Institutioune verdeedegt. Et wier wichteg, datt d‘Länner an d‘Mënschen sech nees méi vertrauen, sot de Grand-Duc Guillaume.  Ukrain: Kritik, well Oligarch vun EU-Sanktiouns-Lëscht gestrach gouf De russeschen Oligarch Michail Fridman gouf vun der EU hirer Sanktiouns-Lëscht erofgeholl. Lëtzebuerg hat sech dofir agesat, an d‘Ukrain huet dat schaarf kritiséiert.  De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet déi Decisioun awer verdeedegt. Si wier am nationalen Interêt vum Land geholl ginn a géif näischt un der Lëtzebuerger Ënnerstëtzung vun der Ukrain änneren.  Et ass onkloer, ob déi Decisioun eppes mat der Klo vum Michail Fridman virun engem internationale Geriicht ze dinn huet. De Milliardär fuerdert ronn 15 Milliarden Euro vu Lëtzebuerg, well säi Verméigen hei am Land agefruer gouf.  Nieft dem Michail Fridman gouf och nach de russeschen Oligarch Alischer Osmanow vun der EU-Sanktiounslëscht gestrach. Dat op Wonsch vun der Slowakei a vu Frankräich.

  7. 19 sept.

    D'Neiegkeete vum 19. September 2026

    Schoulrentrée D’Vakanz ass definitiv eriwwer. Bei eis ginn elo erëm 120.000 Jonker an d’Schoul. Si hunn tëschent 3 an 18 Joer. Vun elo u muss een nämlech bis 18 Joer an der Schoul bleiwen. Dat ass eng vun den Neierunge fir dëse Schoulufank. Nei ass awer och de sougenannte Projet ALPHA: Domat kënne kleng Kanner elo op Däitsch oder Franséisch léiere liesen a schreiwen. Bis elo gouf dat just op Däitsch gemaach. Staatsexamen Wann een no der Schoul beim Staat wëllt schaffe goen, muss een de Staatsexame maachen. Hei sinn elo d‘Reegele geännert ginn. Deen Exame kann ee vun elo un nämlech all Schaffdag am Joer maachen. Bis elo gouf e just zwee oder dräi Mol d’Joer organiséiert. Elo muss een sech och direkt op eng konkret Aarbechtsplaz mellen. Dat war bis elo net esou. Nei ass hei och nach, datt den Exame just 1 Joer laang gutt ass. Bis elo waren et just 5 Joer. Falsch Diplomer Eng Firma vu Wolz, d‘Firma DTMD, soll jorelaang eppes gemaach hunn, wat si net duerft: Si soll Masterdiplomer an der Zänntechnologie ausgestallt hunn. Dat huet den däitsche Magasinn Spiegel gemellt. Déi Formatioun hätt wuel en Zertifikat vun enger däitscher Agence gehat. Mee d‘Schoul hätt awer d'Recht net gehat, fir déi Diplomer auszestellen. 500 Leit wiere betraff gewiescht. D‘Privatschoul soll an Tëschenzäit faillite sinn. Dronen Da gouf et Enn der Woch nach Opreegung wéinst Dronen, déi an der Géigend vu Miedernach – am Kanton Dikrech – solle gesi gi sinn. De Premier Luc Frieden hat en Donneschdeg déi interministeriell Cellule d'évaluation drones aberuff fir eng Analys vun der Situatioun ze maachen.

  8. 12 sept.

    D'Neiegkeete vum 12. September 2026

    PISA-Etüd an de Schoulen: Schlecht Resultater fir Lëtzebuerg D‘Schoul fänkt elo nees un. Mee scho virun der Rentrée gouf vill iwwer d‘Schoul geschwat. An der PISA-Etüd 2025 iwwer d‘Schoulen huet Lëtzebuerg nämlech schlecht ofgeschnidden. Dës Etüd vergläicht d’Leeschtunge vu Schülerinnen a Schüler aus 91 Länner vun der OECD – dat ass d‘Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung. Lëtzebuerg huet sech an all den Haaptberäicher - Liesen, Wëssenschaften a Mathé -  nach verschlechtert a läit do ënner dem Duerchschnëtt. Besonnesch am Liesen huet Lëtzebuerg schlecht ofgeschnidden. Bal 40 Prozent vun de Schülerinnen a Schüler erreechen am Liesen net de minimalen Niveau vun der OECD. Educatiounsminister: De Smartphone ass den Haaptproblem Den Educatiounsminister Claude Meisch vun der DP huet hei um Radio 100,7 op d‘PISA-Etüd reagéiert. Déi schlecht Resultater am Liese maachen him am meeschte Suergen. De Minister sot: De Smartphone wier den Haaptgrond firwat Jonker manner gutt liesen an Texter verstoe kënnen. Si kucke vill Videoen um Handy. An duerch déi Kënschtlech Intelligenz ass et einfach, Texter a Bicher ze resuméieren, amplaz se ze liesen, esou den Educatiounsminister. Hie wëllt elo mat de Schoulen a Gewerkschaften diskutéieren an d‘Reegele fir d‘Smartphonen an der Schoul méi streng maachen. D‘Schoul kann awer net alles eleng maachen, sot den Educatiounsminister nach. Och d‘Eltere missten dofir suergen, datt hir Kanner méi liesen a manner Zäit um Handy verbréngen. Klimawandel: Ëmweltminister reagéiert op de wäermste Summer De Summer ass eriwwer. Och zu Lëtzebuerg war et dee wäermste Summer jeemools. An et war extreem dréchen. Den Ëmweltminister Serge Wilmes vun der CSV war bei eis am Interview fir doriwwer ze schwätzen. Hie war averstanen, datt de Klimawandel ëmmer méi extreem gëtt. Mee hie war net averstanen, datt d‘Regierung net genuch dogéint mécht. Dem Serge Wilmes säi Parteikolleeg, den CSV Deputéierte Paul Galles, hat am August hei um Radio 100,7 gesot, d‘Regierung misst an der Klimapolitik méi maachen. Den Ëmweltminister sot: Lëtzebuerg géif seng Klimaziler anhalen.  D‘Ausstéiss vum klimaschiedlechen CO2 wieren d‘lescht Joer zu Lëtzebuerg erofgaangen. An d‘Regierung hätt vill Mesurë geholl. Als Beispill huet den Ëmweltminister de sougenannte Klimabonus genannt. Dat si finanziell Hëllefen. Déi goufe bis 2030 verlängert. D‘Leit kënnen déi kréie wa si zum Beispill hir fossil Heizunge mat Wäermepompelen ersetzen, oder wa si Solaranlagen doheem installéieren. Den Ëmweltminister huet widderholl: Amplaz Verbueter oder méi restriktiv Mesuren anzeféieren, wëllt d‘CSV-DP-Regierung d‘Leit positiv encouragéieren, fir mat op de Wee vum Klimaschutz ze goen.

À propos

D'Noriichte fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mat den Neiegkeete gëss du all Samschdeg a manner wéi 3 Minutte gewuer, wat Lëtzebuerg beweegt. Mir benotzen eng einfach verständlech Sprooch a schwätzen e bësse méi lues, fir datt s du unhand vun der Realitéit däi Lëtzebuergesch kanns trainéieren.

Plus de contenus par Radio 100,7