RTL - Lecture vun heiheem

Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.

  1. 12 Jul

    Jemp Schuster, Michèle Turpel: Spawecken als Verbindung zur Vergaangenheet, 12/07/2026

    De Jemp Schuster schwätzt iwwer säin neie Roman "Spawecken" Mat "Bluttsëffer" huet de Jemp Schuster 2020 säin éischte Roman virgeluecht , deen em net nëmmen de Lëtzebuerger Buchpräis, mä och en enorme Succès bei de Lieser bruecht huet. Och an dem neie Roman "Spawecken" dréint sech nees alles ëm eng Famill, dës Kéier d'Schmaddsfamill aus dem fiktiven Dierfche Schëldref. An natierlech ëm den Ampeljong, deen décken Nëssert deen zënter Jorhonnerten alles matkritt wat a Schmadds geschitt. Säi Geheimnis wäert eréischt 1988 un d'Liicht kommen, wéi den Ampeljong duerch e Blëtz gespléckt gëtt. Wat genee et domat op sech huet, dofir muss ee wäit an d'Vergaangenheet siche goen, bis an d'17.Jorhonnert, an d'Zäit vum Drëssegjärege Krich. Am Interview schwätzt de Jemp Schuster iwwer déi Verännerungen mat deene seng Personnage zu verschiddenen Zäite konfrontéiert sinn, sief et an der zweeter Halschent vum leschte Jorhonnert oder matzendran am Horror vum Drëssegjärege Krich. Et geet awer och ëm d'Lëtzebuerger Sprooch als Handwierksgeschier vum Auteur, den Auteur als Wuert-Schmadd souzesoen. An der Schmëtt kennt sech och dem Jemp Schuster seng Fra, d'Actrice Michèle Turpel, beschtens aus. Si kënnt aus enger Schmadds-Famill an dat war och eng Inspiratioun fir dat eent oder anert Element dat am Roman erëmzefannen ass. "Spawecken" vum Jemp Schuster ass bei Kremart Edition erauskomm.

  2. 21 Jun

    Vu Katastroph(en) an Happy End(s): De Schrëftsteller Roland Meyer am Interview, 21/06/2026

    Am Interview schwätzt de Roland Meyer iwwer seng zwee nei Bicher: "Um Horizont" a "Betty- Die Geschichte eines jüdischen Mädchens" Mat iwwer 400 Säiten ass "Um Horizont" dat déckste Buch dat de Roland Meyer bis elo geschriwwen huet. Am Interview verréit hien, firwat et nach vill méi déck hätt kéinte ginn! Wann an dësem Roman d'Grenzen tëscht Wouerecht a Fantasie verschwammen, dann huet een am Kannerbuch "Betty - Die Geschichte eines jüdischen Mädchens" déi traureg Gewëssheet: esou wéi d'Betty Hirschbein hir Geschicht Jorzéngte méi spéit erzielt, sou ass et tatsächlech geschitt. Kann et no der Katastroph nach en Happy End ginn? Fir d'Betty war dat de Fall, bei de Personnagen aus dem Roman "Um Horizont" ass dat net esou sécher. Och fir de Verlag Op der Lay, bei dem de Roland Meyer seng Bicher zënter laange Jore verëffentlecht, gëtt et leider keen Happy End. Op den 31.Juli mécht hire Webshop zou, no iwwer 30 Joer an der Lëtzebuerger Verlagslandschaft. Och als Museker a Kabarettist huet de Roland Meyer vill Pläng a Wënsch fir d'Zukunft... geschwënn eng Kéier e Concert zu Esch ze spillen, steet ganz uewen op der Wonschlëscht! Ka säi Wonsch an Erfëllung goen? A wäert e säi Kannerbuchprojet ronderëm dee klengen Här Bellibimbam mat engem neie Verlag verwierkleche kënnen? Op déi Froe gëtt et (nach) keng Äntwert. "Um Horizont" ass am Verlag Op der Lay erauskomm, "Betty, die Geschichte eines jüdischen Mädchens" ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.

Ratings & Reviews

5
out of 5
2 Ratings

About

Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.

More From RTL Radio Lëtzebuerg