Zréck Zu Dir Podcast

Primula House

🌿 Zréck Zu Dir Podcast Authentesch. Éierlech. Heelsam. Ech schafen e séchere Raum fir déif Gespréicher iwwert d'Liewen, Bewosstsinn an d’Verbindung zu eis selwer, aneren an der Natur. Hei geet et ëm Wuesstem, Déift an Heelung. Mat Häerz a mat Oppenheet.  All Episode ass eng Invitatioun, dech erëm mat denger eegener Wourecht ze verbannen, deng Stëmm ze fannen an deng Perspektiv ze erweideren. 🎧 Fir Mënschen, déi no Éierlechkeet, Authentizitéit a spiritueller Déift sichen. Sou vill Léift no Baussen. 💫 — Däi Bonnie 🌸

  1. 25 MAR

    #032 - Virwat mir eis verléieren - A wéi Achtsamkeet eis zréck Heem feiert (Interview mam Nathalie Krier)

    Haut hunn ech d'Nathalie Krier am Gespréich a mir schwätzen doriwwer wéi mir méi déif a Verbindung mat eis selwer kenne kommen. Mir si gewinnt ze Rennen, ze Funktionéieren, ze Optiméieren an mir fillen eis getrennt. Oofgetrennt vun aisem Kierper, aise Gefiller, vum Moment. Virwat ass dat sou? Wéini hu mir dat esou décidéiert? A wéi fänke mir un nees Verbindung ze wielen? D'Nathalie an ech schwätzen doriwer :) D'Nathalie ass MBSR Coach a bid Gruppen sou wéi Eenzelsëtzungen un. Hat verbennt Achtsamkeet, mat Matgefill, Nervesystem Regulatioun & Traumawëssen. Seng Platz huet et am Liewenshaus zu Wormeldange fonnt.  Du fënns hat op Instagram ënnert @nathaliekrier_mindfulness an op senger Webseit www.nathaliekrier.com D'Nathalie huet sain aktuelle Programm Herzstück, wou hat Raum bid vir méi a Verbindung zu dir ze kommen. Herzstück start den 17/4 an et si nach puer Platze frei. Kuck op senger Webseit no vir méi Infos. D'Nathalie & ech bidden och gemeinsam ee Krees un am Liewenshaus den 10/05/2026 vir zesummen bei eis selwer zréck ze kommen. Mir verbréngen een Dag zesummen andeems mir méi a Connexioun mat eis an eisem Kierper kommen. Wells du do dobei sinn da kuck bei him a bei mir op Instagram lanscht. Fënns du dech hei rem bei Funktionéieren, Machen an ni ee Moment vir sech fannen? Da lauschter onbedengt hei ran :) Ganz vill Léift & Magie Dai Bonnie

    1hr 1min

About