RTL - Rebound RTL Radio Lëtzebuerg
-
- Sport
-
De Basket Magazin, all Freideg, mat Virschau op de Weekend, Commentairen a flotten Analysen
-
Rebound, 19/04/2024
Steesel géint Ettelbréck bei den Hären a Diddeleng géint de Gréngewald bei den Dammen. Dat sinn d'Finalle vum Championnat am nationale Basket. Souwuel bei den Häre wéi och bei den Dammen, huet allkéiers eng Ekipp ee drëtte Match an den Halleffinall musse spillen fir et bis an d'Final ze packen. Dat ass Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
-
Rebound, 12/04/2024
Virun e puer Deeg, koum d´Nouvelle, datt den Arbitter Jean Samida gestuerwen ass. Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon op seng Karriär zeréck an hie seet eis awer och, wéi d´Situatioun am Championnat ass. An dat souwuel bei den Damme wéi bei den Hären.
-
Rebound: Virschau op d'Halleffinallen vum Championnat, 05/04/2024
Am nationalen Basket ginn de Weekend déi éischt Matcher vun den Halleffinallen bei den Dammen an den Hären gespillt. Am Rebound vun dëser Woch huet de Sam Rickal sech am Virfeld d'Matcher bei den Hären méi genau ugekuckt. Et kann ee sech spannend Dueller erwaarden.
-
Rebound: 2 Véierelsfinallen ginn an der drëtter an decisiver Partie decidéiert, 29/03/2024
Am Härebasket fält muer an zwou Partien d'Decisioun wien nieft der Etzella an Esch an d'Halleffinallen vum Championnat kënnt. Am Modus "Best of Three" steet et tëscht Walfer an der Fiels an tëscht Steesel an der Sparta no zwee Matcher 1-1. Den Heemvirdeel kéint eng gewësse Roll spillen. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:
-
Rebound, 22/03/2024
Dës Woch war déi zweeten Editioun vun der Basket Awards Night. Bei där ginn alleguerten déi Leit ausgezeechent, déi am laf vun der Saison positiv op sech opmierksam gemaach hunn. Am Rebound vun haut ass dat een Thema a mir ginn och gewuer, wou d'Ehis Etute deemnächst am Asaz ass. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert...
-
Rebound, 08/03/2024
Am Basket ass dëse Weekend de leschte Spilldag vun der Qualifikatiounsronn bei den Hären. Déi huet awer praktesch just nach ee statistesche Wäert. Apropos Statistik: an der NBA huet de Lebron James eppes fir seng gemaach. Dat sinn Themen haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt.