E puer Wierder iwwer Wierder

D'Lëtzebuerger Sprooch ënner d'Lupp geholl. An all Episod steet en neit Wuert am Fokus.

  1. 6d ago

    Instrospektioun

    Dës Kéier geet et ëm d'Analys vun sech selwer, afirwat mer mat introspektiven Donnéeën eleng dacks keng Wëssenschaft kënnemaachen. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wat hues de eis haut fir e Wuert matbruecht? C: Haut gi mer souzesoen op "Tuchfühlung" mat eis selwer, mer schwätzen iwwer Introspektioun. Seet der dat eppes? S: ____ C: Mäi Latäinsproff wier elo ganz stolz a vläicht och e puer Al-philologen, mee wann s de e Wuert nach net ganz kenns, da muss de einfach kucken: Wéi eng Bestanddeeler dovunner kanns de zesummesetzen? An, komm, maache mer et och eng Kéier zesummen. Also, wéi géifs de et opdeelen, d'Wuert Introspektioun? S: 'Intro' a 'spektioun'. C: Intro- steet vir: eran, no bannen. Du kenns warscheinlech Wierder domat? S: Jo, mmm, introvertéiert. C: Genee, dat heescht, du bass éischter no banne gekéiert. Anescht wéi extrovertéiert, wou s de no bausse gekéiert bass. Sou, mir wëssen also, Intro, do ass iergendeppes no bannen. An: Spektioun, vläicht hues de do e Wuert, wat der an de Kapp kënnt? S: Ech muss elo un eng Inspektioun oder eng Spektiv denken! C: Béides gutt! Et geet alles op d'Verb 'specere' zréck, wat 'kucken, gesinn, betruechten' am Latäin heescht. Bei der Introspektioun kuckt een also a sech eran. Et betruecht een eppes vu bannen. Et kéint een et och Bannebeobachtung nennen. Dat gëtt et effektiv an der Psychologie, mee eeben och an der Linguistik. S: A wat ass domat gemengt? Also an der Sproochwëssenschaft? C: Et bedeit, dass ech meng Meenung, wéi eppes an der Sprooch funktionéiert, als éischt emol dorobber baséieren, wéi ech et empfannen. Dat kann eng kleng Fro sinn iwwer eng Endung: Sees de zwee Aadler oder zwee Aadleren. Introspektiv ass, wann s de mol selwer kucks, wat s du méchs. Ech mengen, ech soe béides. Ass awer just eng éischt Aschätzung an dat ass och just e Gefill, reell kann anescht sinn. Dat ass u sech net falsch, iergendwou muss ee jo schliisslech ufänken. Et ass jo och esou, dass e Mammesproochler normalerweis eng ganz gutt Intuitioun huet vun deem, wat en an der Sprooch fir méiglech ugesäit. Dat betrëfft awer och verschidde Forme vun der Variatioun. S: Wéi mengs de dat genee? C: Ma et wäert een introspektiv relativ séier soe kënnen, ob 'du ëss' oder 'du iess' richteg ass. Do gëtt et keng Nuancen. Wann ech awer wësse wëll, ob een elo "Framënsch" als neutral, positiv oder negativ ugesäit, muss ech scho méi Leit froen, fir en authentescht Bild ze kréien. S: A jo, well et vläit Ënnerscheeder tëscht de Leit gëtt. C: Genee, an déi kann ech net a mir selwer fannen, dofir erfuerschen ech eppes. An da geet et an der Linguistik eeben net duer, just ze kucken, wat ee selwer mécht oder wéi een et selwer empfënnt. Komm, mer kucke mer eng Kéier, du hues eng Variant A an eng Variant B, da kann et sinn, dass du sees, A ass richteg a B ass falsch. Et kann awer och sinn, dass de sees, A fannen ech besser a B net esou gutt, béid sinn awer akzeptabel. Oder jee no Kontext benotz de A oder B. Dofir sinn och Ëmfroen net ëmmer ganz einfach. Se ginn awer eeben e gutt Bild, wat ee méi Leit freet a wann een d'Froe gutt stellt. S: Also ass Introspektioun schlecht? C: Nee, net direkt. Gutt, dass de frees, well hei muss een ënnerscheeden: Wann ee vill Leit freet, da berout dat jo och op hirer Introspektioun (si erkläre jo hiert Gefill), awer eebe vu ville Leit. Et gëtt da problematesch, wann d'Introspektioun vun enger Persoun déi ganz Methodik ass. Dat gëtt och gären 'Armchair Linguistics' genannt. Awer, esou wéi ganz fréier och Grammairë geschriwwe gesinn, do ass einfach eng immens intelligent Persoun an déi huet sech esou zréckgeleent an hirem Stull an dann huet se esou den Aarm opgeluecht an dann huet se sech ganz schlau Gedanke gemaach an déi dann notéiert. Fir all Zort Brainstorming kann Introspektioun natierlech de Startpunkt sinn, well ech sinn déi meescht Zäit a mengem Kapp an dat ass jo och do, wou Iddien entstinn. Mee Iddien fléissen dann an e Rechercheprojet. An da muss ech kucken, wéi maachen d'Leit dat? An da freet een se a kritt e bessert Bild vum Phenomeen oder der eegener Theorie. S: A wann dat net geet oder kee matmécht? C: Ech perséinlech schaffen och gär mat engem Korpus, also wou ech risegrouss Textsammlungen op bestëmmt Konstruktiounen duerchsichen. An do muss ech soen, war ech am Summer ganz traureg, wou ech gelies hunn, dass d'RTL-Commentairen ofgeschalt ginn, net well ech dat fir eng ganz speziell Spillplaz fonnt hunn an der lëtzebuergescher Internetwelt, mee well dat wierklech fir d'lëtzebuergesch Linguistik eng immens Source war, fir einfach ganz vill Sproochproduktioun ze gesinn. Fir meng grammatesch Fuerschung ass dat super! Mee och esou schreiwen d'Leit vill Lëtzebuergesch an dat mécht mech frou. Da kann ech mer nees vill Gedanke maachen – wéi gesot, Introspektioun ass een Deel vun der Aarbecht – an déi a menger Recherche verschaffen, andeem ech Theesen a Beispiller zesummestellen. S: Mir soen der merci fir déi Zort Aarbecht, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  2. Sep 21

    fuschnei

    Déi Episod hei ass nei – fuschnei! Haut kucke mer, wat eigentlech 'fusch' bedeit a wéi eng lautlech Prozesser bei dësem Wuertdeel wichteg sinn. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wat hues de eis haut fir e Wuert matbruecht? C: Mir hunn eng Rentrée hannerun eis, souwuel an de Schoule wéi och en neit Semester an dofir ass villes scho vertraut, mee fir verschidde Leit ass villes FUSCHNEI. S: Du sees dat esou, wéi wann dat eist Wuert vun haut wier. C: Korrekt. Hues de schonn eng Kéier driwwer nogeduecht, wat 'fusch' a 'fuschnei' heescht? S: ___ C: Falen dir nach aner Wierder an, déi mat FUSCH ufänken oder mat FUSCH zesummegesat sinn? S: Fuschen? C: Jo, fuschen ass e gudde Startpunkt, mee d'Verb 'fuschen' huet tatsächlech näischt ze di mam 'fusch' vu 'fuschnei', mee warscheinlech éischter mam Wuert 'pfuschen' am Däitschen. Mee: FUSCH ass och wierklech e Wuertdeel, dee mer just aus dëser Zesummesetzung 'fuschnei' kennen. Dat nenne mer an der Linguistik en unikaalt Morpheem, well et just 1mol virkënnt. Awer, wou dat genee hierkënnt, dat gesi mer haut. S: Do sinn ech gespaant! C: Ma mäin Aarbechtskolleeg Peter Gilles – och Professer am Lëtzebuergeschen – huet sech schonn eng Kéier mat dem Wuert FUSCH vu FUSCHNEI auserneegesat a mer haten och gëschter virun der Episod eng ganz ugereegten Diskussioun iwwer de Wuertfeel 'fusch'. Fänke mer mol un, wat mer natierlech ëmmer kucke ginn, ass, den alen Dictionnaire, schonn an den 1950er Jore stoung dat Wuert am Dictionnaire mat ganz ville Synonymmer, also mat Verstäerkungsoptioune fir d'Adjektiv 'nei': fonkelnei (WLM, LWB), fonkelnoolsnei (WLM, LWB), splënternei (WLM, LWB), noolsnei (LLU, WLM, LWB) an och fonkelnotznei (LWB). S: Dat meescht héieren ech haut fir d'éischte Kéier. C: Jo, ech mengen, wierklech geleefeg ass nach de 'fonkelnei', dee fënnt och nach als LOD-Verweisartikel haut, also als Synonym zu 'fuschnei' – mer sinn also lo weider op der Sich nom 'fusch'. Déi nächst Etapp sinn Dialektwierderbicher. Do siche mer no Formen, déi lautlech plausibel sinn an déi an der Géigend vum Lëtzebuergeschen an där Form oder enger änlecher Form optauchen. Eng gutt Recherche fänkt een am beschten am Rheinischen Wörterbuch un. An do soen ech der mol, wéi déi vergläichbar Formen heeschen, déi warscheinlech mam 'fusch' gläichzesetze sinn: foš, fōš, fouš. Hues de schonn eng Anung, wat fir ee Wuert mer sichen? S: Ech hu keng Anung. C: Et ass d'Adjektiv 'frisch', also 'frësch'. S: A sou! C: An elo komme mer der Saach ëmmer méi no, mer hate jo schonn am Däitschen déi dialektal frisch-Forme foš, fōš, fouš, déi komme virun allem am Ripuareschen (ronderëm Köln) an am Nidderfränkeschen (also an hollänneschen Dialekter) vir, et sinn also Varianten, déi Richtung 'fusch' ginn, wat mer fir de 'fuschnei' sichen. S: Mee et kléngt awer net ganz genee d'selwecht, oder? C: Also am Grenzgebitt vu Lëtzebuerg komme mer der Saach ganz no: am Siegerland ass et 'furš' (mat R) an zu Prüm a Malmedy fënnt ee 'fuš'. S: An dat sinn alles Forme vu 'frësch'? C: Jo, et ass d'Adjektiv frisch/frësch, den 'i' verännert regional seng lautlech Mierkmoler, rëtscht mol méi an den O oder den U, an den 'r', dee ka mam Vokal verdréit sinn, dann ënnerläit en enger Metathees, dat ass d'Fachwuert, dat heescht, den 'r' rëtscht op eng aner Plaz. E réckelt meescht hannerun de Vokal. Also ass et net méi FRISCH oder FRUSCH, mee FURSCH, an dono nach vereinfacht FUSCH. S: Also ass eppes Fuschneies extra frësch? C: Genee! Frësch gewäsch ass jo och bal wéi nei. Fuschnei ass also frësch an nei! De Wuertdeel 'fusch' heescht also frësch, ganz nei. S: Weess de, u wat mech dat mam Fursch a mam Fusch erënnert? C: Nee. S: Un eis Episod mam Aasch, do has de gesot, dass et mat R oder ouni R ka geschriwwe ginn. C: A jo! Ma dat ass tatsächlech deeselwechte Prozess! Just, dass 'fusch' ëmmer ouni R geschriwwe gëtt an och just bei 'fuschnei' virkënnt! S: Mir soen der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei – pardon FUSCHNEI Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  3. Sep 14

    Päerdsbüfdeck

    Dës Kéier geet et ëm de Büfdeck a firwat verschidde Wuertdeeler hir Bedeitung verléieren. Donieft geet et och ëm Päerdsfleesch a schlecht Witzer. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. No zwee Méint Summerpaus kann ech endlech nees soen: Gudde Mëtte Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! Hei sinn ech nees! Ech wollt elo scho soen "fir déi nei Staffel", mee mer lafen einfach weider am Rhytmus! Nr. 97 si mer haut! S: Wat ass dann d'Wuert Nr. 97? C: Päerdsbüfdeck. S: Wierklech? Ech hat net gemengt, dass du mat DEEM Wuert aus der Summerpaus kënns! C: Et sollt jo elo bekannt sinn, dass ech e Päerdsmënsch sinn, an e Witz, dee mech mäi Liewe laang begleet ass: "Ech hu Päerd och gären, am léifste mat enger gudder Zooss". Ass natierlech e Witz, dee mech elo net méi beréiert, do stinn ech driwwer. Awer wat mech interesséiert, ass d'Wuert 'Büfdeck' oder 'Bifdeck' – nach méi interessant an der Kombinatioun 'Päerdsbüfdeck', well mer do am Fong zwou konträr Informatiounen hunn. S: Wéi mengs de dat? C: Ma well Büfdeck ass e schéint Beispill fir Wierder, déi sech an der Aussprooch esou veränneren, dass een den Ursprong guer net méi erkennt. De Büfdeck ass entstanen aus Beef fir Rëndfleesch an Steak fir dat Stéck Fleesch. Dat huet sech schonn am 18. Joerhonnert am Franséischen entwéckelt als 'bifteck' an als 'bistecca' am Italieeneschen. S: A vu wou kënnt Steak eigentlech hier? C: Do si mer elo am Alnordeschen, also an den éischte Forme vum Skandinaveschen. An do ass d'Ursprongswuert 'Steik' an heescht einfach 'eng Tranche Fleesch'. D'Wuert Büfdeck ass also eng wonnerbar Mëschung vu villen europäesche Sproochen! Am Lëtzebuergeschen hu mer dann nach zwou Formen 'Bifdeck' oder 'Büfdeck'. Mee den Deel 'bif' oder 'büf' ass komplett verblatzt, also ondäitlech ginn, well – fir zréck op eist Wiwi-Wuert ze kommen – "Päerdsbüfdeck" huet elo d'Bezeechnung Päerd an och "beef" dran. Et misst jo soss "Päerdsdeck" sinn. Dat ass awer net ongewéinlech, dass Wuertdeeler esou verblatzen an dat dofir nei Wierder zouléisst. Dat nennt een an der Linguistik "Desemantiséierung", Semantik ass d'Bedeitung an d'Bedeitung geet fort. Dofir kann de Wuertdeel 'büf' nieft Päerd existéieren, well 'büf' souzesoe semantesch eidel ass. S: Hues du da schonn eng Kéier Päerdsbüfdeck giess? Also dat interesséiert mech elo ganz perséinlech, fir elo hei e bëssen ofzelenken. C: Ech hunn nach ni Päerdsbüfdeck giess, sinn do awer kulinaresch ëmmer total oppen an du kanns och elo mat mir an de Restaurant goen an du sëtz vis-à-vis vu mir an du ëss e Päerdsbüfdeck. Hues de es schonn eng Kéier giess? S: ____ C: Wat ech fir mech just problematesch fannen, an dat ass eppes, wat elo ganz individuell ass, ass, dass ech dat géif iergendwéi pervers fannen, also pervers an der Grondbedeitung vum Wuert, dass ech all Dag esou vill Zäit mat menge Päerd verbréngen an och wierklech un hinnen als Liewewiesen interesséiert sinn an da géif ech wëssen, wéi se schmaachen. Wéi wann s de, jo, wann s du e Kazen-oder Muppefrënd bass, dass du quasi géifs wëssen, wéi Kazen- oder Muppefleesch maacht. Ech weess, et gëtt Leit, déi gesinn dat e bësse méi distanzéiert an déi soen, jo, mee ech hunn och e Mupp, nawell géif ech Muppefleesch iessen, mee ech hunn do einfach iergendeng ënnerlech Blockad. Also kann ech dat net maachen, hunn awer kee Problem, wann anerer dat iessen. Mee ech sinn, wéi gesot, kulinaresch oppen an och linguistesch oppen. S: Dat souwisou! C: An dann nach e Schreiftipp um Enn. Bifdeck oder Büfdeck schreiwe mer och wierklech komplett integréiert, wéi wann dat e lëtzebuergescht Wuert wier. Also mir schreiwen dat dann B-Ü-F-D-E-C-K. S: Firwat net mat 2 F? C: Dat läit un der Reegel, dass kee Wuertdeel eleng virkënnt, also weeder 'büf' nach 'deck' an dann hu mer genuch Konsonanten an der Mëtt fir e kuerzen ü! S: Mir soen der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  4. Jul 6

    vu que datt

    Dës Kéier geet et ëm eng Niewesazaleedung, déi mir aus dem Franséische geléint an hallef integréiert hunn: vu que / vu datt. Donieft gi mir och gewuer, wat et mam "vu que datt" op sech huet. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtte Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wéi ee Wuert hues de eis matbruecht? C: Haut si mer erëm bei der Kategorie Saachen, déi ech als Linguistin immens oft gefrot ginn, an zwar vu Leit aus allen Altersklassen a wou sech iergendwéi d'Leit och wonnerbar echaufféiere kënnen. Et ass de "vu que dass". Simon, hues du do speziell Gefiller? Oder benotz du dat iwwerhaapt? S: ____ C: Haut geet et also ëm d'Niewesazaleedung 'vu que dass' oder 'vu que datt', wou sech Leit opreegen, firwat dee 'que' an den 'datt' doppelt gemoppelt sinn, firwat mer dat zweemol maachen. Kucke mer emol eng Kéier, wéi déi Struktur am Franséische fonctionéiert. Dat ass de Participe passé vu 'voir' mat engem 'que' fir en Niewesaz anzeleeden, an dat ass 'vu que', an domat seet ee wiertlech sou vill wéi "mir hu gesinn dass" an da kënnt eng Erklärung hannendrunner. Ne, dat ass da kausal. Et gëtt erkläert, firwat eppes sou ass oder firwat eppes eng bestëmmte Konsequenz huet. An déi Tournure, déi passt wonnerbar, déi gëtt oft agesat. An elo gëtt et zwou Optiounen, fir den "vu que" an d'Lëtzebuergescht ze integréieren: als Block oder eenzel Wierder. S: Wéi mengs de dat? C: Optioun 1: Ech kann de 'vu que' wéi eng fest Eenheet iwwerhuelen, als Block. De Leit ass do och vläicht guer net kloer, wéi en Deel wat iwwerhëlt, dass dat eent eeben dee Participe passé ass an dat anert déi franséisch Subjunktioun. Mee am Lëtzebuergesche gëtt et nach den 'dass' resp. 'datt', deen een do dropknätscht. Optioun 2: Do hu mer Leit, déi reanalyséieren dat, déi erkennen, dass de 'que' am Fong déi selwecht Funktioun iwwerhëlt wéi den 'dass/datt' an da soe se léiwer 'vu dass'. S: … well du géifs jo net soen 'vu dass dass'. C: Genee, se soen dat net, well do ass jo och transparent, dass deen zweemol dat selwecht erfëllt. Awer wéi ech gesot hunn, et ka sinn, dass beim Léinen d'Leit de 'vu que' als eng Eenheet iwwerhuelen an net als seng eenzel Bestanddeeler. S: A firwat kënnt eigentlech deen 'dass' dann nach eng Kéier, wann ech 'vu que dass' soen? Also firwat héiert een dat vill? C: Mir brauchen eppes, wat den Ufank vum Niewesaz markéiert an iergendwéi ass de "que" dofir net staark genuch. Dat läit vläit och dorunner, dass mir am Lëtzebuergesche ganz oft d'Tendenz hunn, fir Niewesätz net nëmmen normal anzeleeden, mat engem eenzelnen Element, mee och nach mat engem weideren dass oder datt. An dat heescht dann an der Fachwelt duebel gefëllt Niewesazaleedung. S: A kanns de eis do e Beispill ginn? C: Jo, ganz gären. An do gëtt et richteg vill Beispiller. Do hu mer eppes wéi "Kanns du mer soen, wéi laang dass de Film geet?" oder "Kanns du mer soen, wéi grouss dass den Ofstand ass?" Du mierks, du kanns ganz oft soen, "wéi grouss >datt eppes ass". Du kanns awer och soen, "wéi grouss eppes ass". An do hat ech e puer Donnéeën, dat hunn ech nämlech och als Phenomeen a menger Dokteraarbecht analyséiert. Do kann ee gesinn, dass, ech hat elo e Verglach, "wéi schwiereg dass dat ass" (mat) a "wéi schwiereg dat ass" (ouni). An déi Form mat der dass-Verstäerkung louch bei 44 % vun de Fäll. Déi aner stoungen ouni. Bei anere Beispiller war d'Verstäerkung mam 'dass' méi seelen. S: Also ass esou een Extra-dass guer net ongewéinlech? C: Jo, do wonnert et mech net, dass de 'vu que dass' esou gutt fonctionnéiert, well net nëmmen, dass mer et aus enger anerer Sprooch léinen an eis do decidéiere kënnen, dat Ganzt wéi een Element ze huelen. Mee souguer wa mer et reanalyséieren a seng eenzel Bestanddeeler, ass et am Lëtzebuergeschen och total normal, eppes mat dass oder datt ze verstäerken. Sätz wéi: ech froe mech, firwat hien net kënnt ODER ech froe mech, firwat dass hien net kënnt – ganz normal Variatioun. Passt emol drop op beim Nolauschteren! S: Gëtt et dat och an anere Sproochen? C: Jo, dat gëtt et och an däitschen Dialekter an et gëtt et souguer am däitsche Substandard. Ganz oft, wa mir Sprooche vergläichen, also Lëtzebuergesch mat Däitsch, da maache mer do e bëssen e schife Verglach, well ganz oft vergläiche mer d'Lëtzebuergescht mat deem, wat Standarddäitsch ass oder eebe méi elaboréiert Däitsch. Ech hat awer an esou informelle Sourceë recherchéiert a sou engem däitsche Forum, wou d'Leit eng Äntwert op all Fro kënne kréien, an do e schéint Beispill fonnt: Kann man ausrechnen, wie groß dass man wird. Och hei eng dass-Verstäerkung – am Däitschen! S: A wéi war dat elo mam dass, datt? Also do war ech mer elo net sécher, du hues heiansdo 'dass' gesot, heiansdo 'datt', mee et geet jo béides, gell? C: Absolutt, den 'dass' an den 'datt', do geet béides. Mee vläicht maachen ech do nach eng Kéier eng Eenzelepisod driwwer, well do hunn ech och e puer sexy Zuelen a Fakte fir Iech. S: Mir soen der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  5. Jun 29

    Bauerefra

    Dës Kéier geet et ëm Fraen, déi an der Landwirtschaft schaffen a Begrëffer, déi méi oder manner kloer sinn. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon S: Wat hues de eis haut fir e Wuert matbruecht? C: Ech si virun e puer Wochen an d'Gespréich komm mat enger Persoun iwwer eng Bezeechnung a vläit froen ech dech emol, oder eis Nolauschterer an Nolauschterinnen: Wéi nenns du eng Fra, déi an der Landwirtschaft schafft? S: _____ C: Ech sinn op dëst Wuert gestouss am Kader vum internationale Joer vun de Fraen an der Landwirtschaft 2026. Et geet do ëm Fraen, déi Betriber leeden oder hëllefen a gläichzäiteg nach Famill an/oder aner Rollen iwwerhuelen. An do ass dann d'Fro opkomm: Wéi solle mer se nennen? Wéi nennt een e weibleche Bauer am beschten? Well: Eng Bauerefra ass numol a sech ondäitlech oder op d'mannst ambigu. S: Wéi mengs de dat? C: Komm mer kucke mol de männleche Fall: Am Duerf wunnt e Bauer, de Bauer huet 150 Kéi, iwwerhaapt kee Problem. Wa mer awer elo iwwerleeën, wéi eng Fra heescht, déi dëse Beruff ausüübt, da gëtt et e bësse méi komplizéiert. Elo kann een natierlech soen, a jo, mee et gëtt de Begrëff Bauerefra. Mee bei der Bauerefra schwéngt awer och ëmmer e bëssen eng Liesaart mat, déi mer matrimonial nennen. Dat heescht, déi huet och eppes mat Mariage ze dinn an net just mam Beruff. Och d'Fra vum Bauer ass dann eng Bauerefra, och wa se vläit en anere Beruff huet oder d'Famill managt. Insgesamt huet een och d'Tatsach, dass op engem Haff esou vill Aarbecht ufält, dass déi ganz Famill mathëlleft, also de Mann an d'Fra an d'Kanner a vläicht och nach méi Generatiounen. Mee: An enger moderner Welt hu mer awer net just Männer, déi Bauer kënne sinn, also vläicht och ouni Partnerin, mee mir kënnen och Fraen hunn, déi Bauer kënne sinn, eeben och ouni Partner. A bei der Bauerefra ass et eebe schwiereg, well et huet een iergendwéi am Kapp, dass do dann och ëmmer e Bauer dozougehéiert. S: Ass dat an anere Sprooche méi einfach? C: Am Däitschen hätte mer do e Wuert wéi Bäuerin oder Landwirtin, am Engleschen häss de dat souwisou net markéiert, well do huet ee "farmer", dat kann he oder she sinn. S: Oder female farmer. C: Jo. Awer bei der Bauerefra ass dat e bësse méi komplizéiert. An ech si mer ganz sécher, wann een elo eeler Leit freet, wéi heescht eng Fra, déi Bauer ass, da soe se Bauerefra. A wann ech dann awer Leit froen, déi och schonn e bësse méi al sinn, dann hunn ech gesot, jo, mee stell der eng Welt vir, wou dat keng Koppel ass, mee wou et einfach eng Fra ass, déi aleng esou e Bauerenhaff féiert. An dann hunn ech gefrot, wéi een dat géif ausdrécken an do krut ech als Äntwert: Si ass Bauer. S: Also de männleche Begrëff. C: Hei si mer lo bei engem geneeresche Maskulinum, dass ee quasi seet, jo, mee de Beruff u sech, deen ass numol d'Grondform an d'Grondform ass dann déi maskulin. Mee ech hunn d'Gefill, do ass awer iergendeng Nuance, déi feelt. A fir ze kucken, wéi dat dann an den alen Dictionnairë steet, sinn ech an de WLM kucke gaangen. Dat ass en Dictionnaire vun 1906. An do ass d'Bauerefra iwwerhaapt net dran. S: Wierklech net? C: Do ass generell iwwerhaapt keng weiblech Form vum Bauer dran. Allerdéngs, wat ech do fannen, ass de Bauerejong an d'Baueremeedchen. An do steet awer just Landbursche als Iwwersetzung oder Landmädchen. Dat kënnen dann natierlech och einfach déi sinn, déi um Land wunnen, déi vläicht elo net direkt aus enger Bauerefamill kommen. Do ass och d'Wuert Baueremoud ze fannen (Bauernmode), an do steet am iwwer honnert Joer alen Dictionnaire, "im Gegensatz zum guten Geschmack der Städter". Do hu mer dann einfach de Kontrast zu Bauereleit, déi sech manner gutt kleede wéi déi, déi an der Stad wunnen. Do ass iwwregens dee wonnerbare Sproch bei der Baueremoud (ech erënneren drun 1906): Blo a Rout ass Baueremoud. Dat heescht, wann ee Blo mat Rout kombinéiert, dat maache just d'Baueren esou. S: … a Barcelona. C: Jo, och am Futtball! An och am alen Dictionnaire, am LWB, am Luxemburger Wörterbuch. Do si mer elo bei 1950 bis 1975 am Zäitraum. Do steet d'Bauerefra an d'Bauerefrächen einfach als 'Bäuerin'. D'Fro ass awer, ob et zu där Zäit och Frae gouf, déi ouni Mann als 'Bauer' geschafft hunn. Mee och haut steet just d'Bauerefra am LOD, mat den Iwwersetzungen DE Bäuerin oder FR paysanne, agricultrice an och den Hiweis "männlech Form = Bauer". Also do ginn se am Fong och equivalent gesat zu, wann de Mann de Beruff huet, ass et e Bauer, a wann d'Fra de Beruff huet, ass et d'Bauerefra. Awer, wéi gesot, et gëtt do esou eng Nuance, dass hei net ganz kloer ass, ob et elo just seng Fra ass oder ob dat och hir Beruffsbezeechnung ass. Elo kann een natierlech ëmmer soen, dat ass wäit hiergeholl, mee dat ass eng Ambiguitéit bei der weiblecher Variant, déi bei der männlecher Variant net besteet. Beim männleche Bauer gëtt sech déi Fro net gestallt. Dee steet just fir de Beruff an d'Eenzelpersoun, och als Jonggesell. S: Jo, dat ass wouer. Benotzen da vill Leit "Bauerefra"? C: Et gëtt vill Leit – och Bauerefraen, mat deenen ech geschwat hunn, déi sech guer net dodrunner stéieren. Generell begéinen ech d'Bezeechnung Bauerefra op verschiddene Plazen. Also dat kann eemol en Opruff sinn, fir esou en Haff opzemaache fir Schoulkanner, dass dann do steet "Dir sidd eng Bauerefra oder e Bauer an Dir wëllt d'Schoulkanner Äre Beruff an d'Landwirtschaft méi nobréngen?" Oder et steet hei am Lifelong Learning Katalog fir Beruff an Handwierk, dass een eng Carrièresentwécklung ka maache fir eng Weiderbildung "Bauer a Bauerefra" (direkt an der Béidnennung). Also et ass op alle Fall en etabléierte Begrëff, mee ech wëll just nach eng Kéier drop hiweisen, dass een eeben déi matrimonial Liesaarten och huet. S: Gëtt et do och en anert Beispill? C: Ma fréier has de bei der Doktesch eng matrimonial Liesaart, dass d'Doktesch eeben d'Fra vum Dokter ass, einfach duerch de Mariage, si hat deemools näischt mam Beruff ze dinn an deem Sënn. Haut gëtt dat awer kaum nach benotzt, well eeben och vill Frae Medezin studéieren (ech muss elo soen: studéieren dierfen) an elo Doktesch sinn, vum Beruff hier an net well se mat engem bestuet sinn! S: A jo. Mee Bauerefra, ass dat dann elo als Begrëff ok? C: Fir déi meescht Leit ganz sécher. Mee et huet eeben ëmmer déi Onkloerheet vun "d'Fra vum Bauer" oder eebe méi allgemeng "eng Fra, déi Bauer ass" an déi ass net ëmmer däitlech ze trennen. Mee et ass, wéi bei villen anere Saachen, emol derwäert, driwwer nozedenken. Et geet och ni ëm eng Sproochpolice oder d'Ofschafe vu Bezeechnungen. Et ass einfach interessant ze gesinn, wéi gesellschaftlech Entwécklunge sproochlech ofgebilt ginn a wéi dat an der Sproochgemeinschaft verhandelt gëtt. Well d'Sprooch ass jo fir de Mënsch do an dat ass dat Schéint dodrun! S: Mir soen der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  6. Jun 22

    Dialekt

    Dës Kéier geet et ëm d'Fro: Ass Lëtzebuergesch eng Sprooch oder en Dialekt? S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtte Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wat ass eist Wiwi-Wuert vun haut? C: Ech hunn eppes Passendes erausgesicht fir den Nationalfeierdag! Wat mengs du, Simon, wourop ass de Stacklëtzebuerger besonnesch stolz, oder eeben houfreg? S: ____ C: An natierlech d'Sprooch! Mäi Wuert vun haut ass awer net Sprooch, mee: Dialekt … an déi grouss Uspanung beim Wuert Dialekt, wann et ëm d'Lëtzebuergescht geet. S: Ass Dialekt da falsch? C: Et spillt eng Roll an ech wëll haut awer e bëssi Kloerheet an dëse Begrëff bréngen, grad wann et ëm d'Lëtzebuergescht geet. Et geet mer och ëm de Kontext, an deem eng Sprooch benotzt gëtt an do ass et net schlecht, vläit eng Kéier e puer Elementer méi no ze kucken. Mir ass et am Ausland dann och schonn esou gaangen, dass ech hu missen erklären, ob a firwat Lëtzebuergesch dann elo eng Sprooch ass resp. wat et vun engem däitschen Dialekt ënnerscheet. A vläit kruten eis Nolauschterer an Nolauschterinnen déi Fro och scho gestallt (oder hu se sech selwer gestallt), sou datt een elo e puer Eckpunkte kritt fir dës Diskussioun. Dat soll och guer net ideologesch oder politiséiert sinn, mee einfach faktebaséiert aus linguistescher Perspektiv. S: Dat kléngt spannend! Do bass du jo déi richteg Fachfra dofir! C: Absolut! Fir d'Definitioun: En Dialekt ass eng regional Sproochform, déi haaptsächlech mëndlech benotzt gëtt an an deene meeschte Fäll als Mammesprooch geléiert gëtt an net an der Schoul oder an engem aneren norméierte Kontext. Am Däitschen nennt een déi sproochlech Form och 'Mundart', se steet am Kontrast zur Standardsprooch, déi souzesoen en Daach bilt, ënner deem vill Mundaarten oder eeben Dialekter ze fanne sinn. A wa mer lo op d'Geschicht vum Lëtzebuergesche kucken, dann ass et esou, dass d'Lëtzebuergescht – vu sengem Ursprong gesinn – e muselfränkeschen Dialekt ass, als Deel vum Westmëtteldäitschen, wann een dat elo geografesch a strukturell wëll agrenzen. S: Also awer Dialekt? C: Genealogesch jo, also vun der Sproochfamill. Mee et gëtt e risegroussen Ënnerscheed zu all deenen aneren däitschen Dialekter, déi mer kennen, an zwar dass mer den "däitschen Daach" net méi hunn, et kee Kontinuum méi gëtt zum Däitschen. S: Wat mengs de mat "Kontinuum"? C: Kuck, am Bewosstsinn vun de Leit si Lëtzebuergesch an Däitsch zwou getrennt Sproochen. An dat ass ganz anescht, wann s du elo een hues, deen Tréierer Platt schwätzt, soe mer mol, dat wier dann och eeben deem säi muselfränkeschen Dialekt, dee kann awer graduell méi no um Dialekt schwätzen oder méi no um Standarddäitschen. E ka méi oder manner kompetent a sengem Dialekt sinn a beweegt sech graduell op engem Kontinuum tëscht Basisdialekt an dem Standarddäitschen (och wann d'Extreemer selte sinn). An dat kann ee mam Lëtzebuergeschen net. Ech hunn do mer ganz gären eng Tournure vum Peter Gilles, deen ëmmer seet, d'Lëtzebuergescht ass e muselfränkeschen Dialekt, dee sech emanzipéiert huet, well en eeben net méi ënnert dem Mantel vum Däitschen ass, mee well et sech als Sprooch verselbstännegt huet. Et ass en eegene System ginn, ech schwätzen dann entweeder Lëtzebuergesch oder Däitsch, net graduell. S: Also awer eng Sprooch? C: Kuerz Äntwert: Jo. An dat kanns de dann natierlech och politesch kucken, mat dem Sproochegesetz vu 1984. Mee ech verstinn awer Leit, déi soen, jo mee dat ass just e Stéck Pabeier. Awer och insgesamt vun der Kultur hier ass et méi eng Sprooch: Et huet eng eegen Orthografie, et huet eng eege Literatur, vill Prestige, ass vu villen d'Mammesprooch. D'Lëtzebuergescht ass och net situativ ageschränkt. Dat heescht, du kanns et iwwerall schwätzen. An Däitschland, par contre, häss de awer vill Plazen, wou et net ubruecht wier, Dialekt ze schwätzen, wou s de dann éischter géifs Standarddäitsch schwätzen. An dofir gëtt et méi Unzeechen, fir d'Lëtzebuergescht als Sprooch ze gesinn, onofhängeg vun deem Text vun 1984, wat de politesche Status festleet. Mee et ass eeben eng jonk Sprooch a mir maache leider oft de Verglach mat eise 'groussen' Noperen wéi dem Däitschen an dem Franséischen – do ass et natierlech eng aner Geschicht, se hunn do Millioune vu Spriecher a Spriecherinnen an eng laang Kulturtraditioun vum Schreiwen a vum Schwätzen. S: Mir sinn also eng Sprooch an de Kannerschong. C: Jo, dat kann een am Verglach esou soen. Eng jonk europäesch Sprooch. Et hëlleft natierlech, dass mer och e Land sinn an d'Sprooch am Land selwer gutt ugesinn ass. Kuck, du géifs jo lo ënner Lëtzebuerger ëmmer Lëtzebuergesch schwätzen an et och denge Kanner bäibréngen. Dat stäerkt. En aneren Indice, dass et eng Sprooch mat vill Prestige ass, ass, dass ëmmer méi Leit et als Zweet- oder Friemsprooch léieren. S: Jo, dat mierken ech och an de Schoulen a bei deene Jonken. C: Awer wann s de natierlech sees, wou mer sproochlech hierkommen a wéi mer als Sproochstruktur eeben opgestallt sinn, da si mer natierlech net esou wäit vun enger muselfränkescher Varietéit ewech, wéi ech léiwer géif soen. Et ass eeben eng kleng Sprooch, déi nach net ganz esou standardiséiert ass wéi verschidden Nopeschsproochen. Dofir sinn ech och ganz gespaant, wéi de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen an der Schoul wäert weidergoen a wéi d'Sprooch weider standardiséiert gëtt, oder net. S: Jo, do sinn ech effektiv och gespaant! C: Mee lo soen ech just nach "Vive!" an da si mer duerch fir haut. S: Villmools merci, Caroline, fir deng Erklärungen a mir freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

  7. Jun 15

    Pony

    Dës Kéier geet et ëm Päerd, Hënn a Coiffuren! S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Haut hues de sécher nees en intressant Wuert fir eis matbruecht. C: Ma d'Semester ass eriwwer an ech hat e bësse fräi an do verbréngen ech gär Zäit mat menge Päerd a mengem Pony. A weess de, wat den Ënnerscheed ass tëscht engem Päerd an engem Pony? S: Ech huelen un d'Gréisst. C: Jo, an do si mer ganz genee. Päerd ginn an der Héicht um Widderist gemooss, also iwwert der Schëller, do wou hir Män souzesoen bal ophält. A wann do um Lineal 1,47 m steet, dann ass et e Pony, egal wéi breet, schmuel, buuschteg oder elegant en ass. Et ass am Fong just eng Héichtereegelung. Ouni Huffeise gemooss (déi maache meeschtens een Zentimeter aus), ass alles iwwer 1,48 m e Päerd. S: A firwat heescht dat eigentlech Pony? C: Den Ursprong vum Wuert „Pony“ ass ëmstridden. D'Bezeechnung 'Pony' fir ‘Pferd einer kleinen Rasse, Zwergpferd’ ass bekannt am Däitsche säit dem Enn vum 18. Jh. duerch Reesbeschreiwungen duerch England a Schottland. Am Schottesche gëtt et d'Wuert 'pown(e)y', wat sech dann als 'pony' méi verbreet huet. Et ass eng méiglech geléinte Form aus dem Mëttelfranséischen 'poulenet' (Verklengerung zu afrz. po(u)lain ‘Fillen’). Mee do gi mer lo ganz schéi wäit sichen! Dat geet dann nach bis Latäin 'pullus' zeréck fir déi Kleng vun engem Déier. Wat ech awer intressant fonnt hunn a wouriwwer ech dann nogeduecht hunn, ass Pony am Däitschen. Well natierlech gëtt et do och "das Pony", mee et gëtt awer och "der Pony". S: A jo, fir d'Coiffure, also fir d'Chienne. C: Genee! An do war ech sou: Moment, wat hu Ponyen a Muppe mat enger Coiffure ze dinn! S: An du sees eis dat elo! C: Sou ass et. Am Däitsche gëtt et d'Bezeechnung "der Pony" fir d'Coiffure säit gutt 200 Joer. Gemengt ass, dass bei Ponyen oft d'Hoer op der Stier radikal gekierzt goufen an oft och op enger riichter Linn. A wa Mënschen dat gemaach hunn, dann huet et geheescht, dass een domat ausgesäit, wéi mat engem Ponyhaarschnitt! An iergendwann ass just nach d'Kuerzform bestoe bliwwen. Änlech ass et mat der Chienne. S: Also d'Coiffure, wéi mer am Lëtzebuergeschen an am Franséische soen. C: Ech zitéieren dofir vun der Académie française: "être coiffé comme un chien fou, avoir les cheveux en désordre. Être coiffé à la chien, avoir, comme certains chiens, une frange de cheveux sur le front." Du hues also hei d'Stier vum Hond als Virbild fir d'Coiffure. An och déi Bezeechnung, also dee Verglach mat der Muppecoiffure ass ronn 200 Joer al. Do hunn ech e puer schéin Definitiounen an den Dictionnairë fonnt: "Cheveux à la chien. Coiffure féminine où les cheveux sont rabattus sur le front en frange lisse." Oder wéi et och an engem Beispill aus engem Buch vun 1883 heescht "Femmes aux cheveux à la chien peignés sur les sourcils". S: Ass zwar witzeg, dass do ëmmer Déiere geholl ginn an dass et en 200 Joer alen Trend ass. C: Jo, dat mat der Chienne kënnt a geet an der Geschicht vun de Coiffuren aus der moderner Zäit. Pass op, well elo gëtt et nach méi verréckt, mer kommen elo full circle. Du weess jo, wéi eng Chienne op Englesch heescht? S: Bangs. C: An dat ass och e Päerdsterm! S: Wierklech? C: Jo, kee Witz. Dat hunn ech awer réischt bei der Recherche erausfonnt. Komm hei, ech loossen dech den Deel zu 'bangtail' aus dem Oxford English Dictionary liesen. S: “a (horse’s) tail, of which the hair is allowed to grow to a considerable length and then cut horizontally across so as to form a flat even tassel-like end.” C: 'Bangs' ass also näischt anescht, wéi eppes, wat radikal ofgeschnidde gëtt, dass et riicht hänkt. Nach eng kleng Anekdot um Enn iwwer de Pony: Ech muss ëmmer laachen, wann e franséische Papp aus eiser Strooss mat sengem 4järege kënnt, dee mech um Päerd gesäit, an da seet dee Klengen "regarde un poney!" An de Papp ass dann ëmmer sou, dass en erkläert, firwat dat e "cheval" ass, an da muss ech laachen, well mäi Päerd 1,52 m ass, a grad emol mat 4 Zentimeter e Päerd ass, grad emol dräi Fanger héich iwwer dem Pony! S: Ma dee muss dann einfach d'Emissioun vun haut lauschteren, da wéisst e Bescheed! C: Genee! Méi Wiwi! S: An domat soe mer der Merci fir haut a freeën eis op d'nächst Woch! C: Merci och! An d'Schlusswuert ass wéi ëmmer: Äddi!

  8. Jun 8

    kussen

    Dës Kéier geet et ëm Romantik, Spaut a gutt Bakteerien. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon. S: Ech hunn den Titel vun der Episod scho gesinn, also haut gëtt et romantesch! C: Haut schwätze mer iwwert eppes ganz Schéines, an zwar iwwert d'Kussen. Kuss du vill am Dag? Wéi vill Kussen hues du den Dag? Also sou am Austausch? S: ___ C: Bon, ech mengen och bei sécher 10 bis 20, also ne Partner, Déieren, also ech mengen do kënnt schonn eineges zesummen. Oder eis berüümt dräi Beessen, wa mer Moie soen, déi jo och an Europa kulturell ëmmer ganz ënnerschiddlech sinn(1-4). A mer starten da lass mam Kuss. Soe mer sou, mir hunn am Lëtzebuergesche verschidden Aart a Weisen, fir dat Verb ze bilden. An zwar ginn et Leit, déi soen 'kussen', an anerer soen 'këssen'. Ass do fir dech en inhaltlechen Ënnerscheed? Wat sees du? S: ____ C: Well et ass ganz interessant: fir mech wier elo 'kussen' op de Mond a 'këssen' wieren déi dräi Beessen. An et ass ganz spannend, well am Fong hues de do just e Vokalwiessel an der Sprooch selwer. Dat heescht, mir hunn eng méi integréiert Form an eng méi 1:1 geléint Form. Also dass mer zum Beispill soen, ne, am Däitschen hues de 'küssen'. A wa mer 'küssen' géifen no lëtzebuergesche Prinzippien iwwerhuelen, da géife mer soen 'këssen'. Dat maache mer och mat aneren däitsche Wierder: Aus DE kümmern soe mer LB 'këmmeren'. Dat geschitt natierlech net ëmmer. Also wéi dat esou ass, jee nodeem wéini d'Wierder an d'Lëtzebuergescht komm sinn, hu se eng méi oder manner integréiert Form. Dat heescht, mir kënne leider net ëmmer mat esou lautleche Gesetzer schaffen, dass mer soen: ëmmer wann dat am Däitschen esou ass, ass et am Lëtzebuergesche sou. Dat heescht, aus engem däitschen muss net ëmmer en ginn. Wéi zum Beispill bei 'schützen' soe mer 'schützen'. A mir géifen net soen 'schëtzen'. Mee kucke mer nach eng Kéier bei 'kussen'. Dat heescht, do hues de dann e Kuss an dovunner ofgeleet d'Tätegkeet kussen. S: A firwat kusst een iwwerhaapt? War dat ëmmer romantesch? C: Also do hat ech versicht, dat erauszefannen. An do streide sech d'Leit nach driwwer, firwat mer dat am Fong maachen. D'Traditioun vum Kussen ass (op d'mannst an deene Sourcen, déi mer hunn) 4500 Joer al. An et ass esou eng Mëschung tëscht de Mond openeendrécken, fir sozial de Grupp ze stäerken. Also fir esou Bezéiungsaarbecht ze maachen. Mee et gëtt natierlech och déi Hypothees, dass Mammen dat gemaach hunn beim Iessen. Also quasi d'Iessen zu Bräi geknat an dann de Kanner dat esou ugebueden hunn, wéi esou eng Vullemamm. Da kanns de frou sinn, dass de deng Kanner net sou hues missen ernären. S: Definitiv! C: Wat awer nei Etüde sinn, also mir kusse jo och aus ganz ënnerschiddleche Grënn. Mir kusse jo op de Mond, fir romantesch ze sinn oder och Elteren hir Kanner. Einfach well dat eng sozial Bindung ass oder eeben och eng romantesch Komponent huet oder eeben och Virspill ka sinn. Also et gëtt jo natierlech dann och méi en erotesche Kuss. Awer insgesamt kann ee jo och einfach Frënn op de Bak kussen. Also elo net déi standardiséiert, ritualiséiert dräi Beessen oder wéi vill et och ëmmer gëtt an de verschiddene Länner op der Welt. Mee och do kanns engem jo och e Kuss op de Bak drécken, wann iergendwéi, wann een Ënnerstëtzung brauch oder du hëls engem seng Hand an da kuss de deem seng Hand. An do hat ech elo esou eng cool Zuel gelies. An zwar, wann ee méi laang kusst wéi néng Sekonnen, da ginn 80 Millioune Mikroben ausgetosch. Awer net nëmmen déi schlecht, mee och déi gutt. An do haten se e Verglach mat sengem probiotesche Jugurt. S: Dat heescht, du kanns e probiotesche Jugurt iessen oder einfach néng Sekonne laang däi Partner, deng Partnerin kussen? C: Jo, ganz genee. Dofir, sidd léif mateneen, kusst iech méi. An Dir wësst jo, Consent ass alles. An interessanterweis ass d'Verb kussen iwwerhaapt net am LOD. S: Wierklech elo? C: Mee am LOD ass just d'Verb 'këssen'. An elo kënnt Dir Iech froen, soen ech 'kussen' oder soen ech 'këssen'. Wéi gesot, fir mech, mee dat sinn och heiansdo individuell Saachen, fir mech wier 'kussen' dat méi Romantescht an dat 'Këssen' – dat e bësse méi neutral. A wosst Dir, dass et och Déiere gëtt, déi sech kussen? Ech recommandéiere mol, fir Iech doheem de Video Polar Bears French Kissing unzekucken. Do gesäis de zwee Äisbieren, wéi déi sech awer, also déi ginn all-in, wuertwiertlech. An do sollt ee vläicht sengen Teenager soen, dat ass NET, wéi een et sollt maachen. Kuckt Iech dee Video gären un. S: Lo hues de awer nees en neit Theema opgemaach! Mee eng Saach hunn ech mech elo gefrot: Firwat seet een am Fong French kiss? Sinn d'Fransousen einfach méi aktiv beim Kussen? C: Ech mengen dat hänkt domat zesummen. D'Tatsaach, dass d'Fransousen einfach als méi passionéiert an der Léift gëllen – als Cliché, gell. Mer hunn dat net getest! A well en Zongeschlag, wéi mir an der Primärschoul gesot hunn, well en Zongeschlag einfach méi eng intim Form vum Kussen ass, well s deen anere potenziell scho ganz gutt kenns, wann se dat méchs. A vläicht och Loscht hues, mat deem einfach e bësse méi wäit ze goen. French kiss gouf da wouergeholl, dass dat ass, wéi d'Fransouse kussen, wa se 'o la la' wëlle sinn. Warscheinlech huet et sech am Engleschen etabléiert, wou nom Éischte Weltkrich einfach d'Britten an d'Amerikaner aus Frankräich zréckkomm sinn an dat dann esou beobacht hunn. An dat war dann an der Ëffentlechkeet, dat esou ze beobachten, dat war fir déi Zäit schonn zimmlech o la la. An esou ass dat dann iergendwann och popkulturell hänke bliwwen. S: O la la! An domat si mer um Enn fir haut. Mer soen der Merci fir deng Erklärungen an elo muss ech dee Video mat den Äisbieren an dem French Kiss kucken! C: Ma merci och, vill Spaass, a mäi Schlusswuert ass: Äddi.

About

D'Lëtzebuerger Sprooch ënner d'Lupp geholl. An all Episod steet en neit Wuert am Fokus.

More From Radio 100,7

You Might Also Like