Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwee Studenten iwwer en Niewenjob schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: E Studentenjob (A2) A: Hey! Wéi geet et dir? B: Hallo! Et geet mir gutt, merci. An dir? A: Jo, och gutt. Wat méchs du elo no de Coursen? B: Ech sichen nach en Niewenjob. Ech wëll e bësse Sue verdéngen. An du, hues du e Studentenjob? A: Jo, ech hu schonn en Niewenjob. Ech schaffe samschdes a sonndes an engem Café an der Stad. B: A, wierklech? Dat kléngt interessant! Wat méchs du do genee? A: Ech huelen d’Commanden, ech zerwéieren d’Clienten, ech spullen d’Glieser an heiansdo maachen ech den Inventaire. B: Ass et dann net ze schwéier Uni an Aarbecht ze kombinéieren? A: Et hänkt dovun of. Wann ech vill Hausaarbechten hunn oder fir en Test léiere muss, dann ass et e bësse stresseg, mee ech schaffe just 10 Stonne pro Woch, also geet et nach. B: Jo, ech verstinn. Wéi sinn deng Aarbechtskolleegen dann? A: Topp! Meng Cheffin ass och ganz léif a verständnisvoll. B: Dat ass wichteg. A wéi vill verdéngs du? A: Ech verdéngen ongeféier 14 Euro pro Stonn. Fir e Student ass dat net schlecht. B: Nee, dat ass wierklech gutt. A: Hues du schonn e CV geschriwwen? B: Jo, ech hu mäi CV fäerdeg, mee ech weess net genee wou ech ufänke soll. A: Du kanns online kucken oder direkt a verschiddene Geschäfter a Caféë froen. Vill Plaze siche Studenten. D’Uni huet normalerweis och e Site, wou reegelméisseg Studentenjobs gepostginn. B: A ok, dat wosst ech net. Ech wollt vläicht Nohëllef ginn, well ech gutt an der Mathé, Physik a Chimie sinn. A: Dat ass perfekt! Vill Eltere sichen Nohëllef fir hir Kanner am Lycée. B: Jo, an ech kann da meng Zäit besser organiséieren. A: Genau. Dat ass de Virdeel vun esou engem Job. B: Firwat hues du dann eigentlech en Niewenjob gesicht? A: Ech wollt méi onofhängeg sinn a meng eege Saache bezuelen, wéi Bicher, Kleeder oder Reesen. B: Dat verstinn ech. Ech wëll och Sue spuere fir meng Vakanz am Summer. A: Wou wëlls du hifueren? B: Ech wëll mat Frënn a Spuenie goen, vläicht op Barcelona. A: O, dat ass eng flott Stad! Do war ech d’lescht Joer. B: Da muss ech séier e Job fannen! A: Dat wäert scho goen. Wann s de wëlls, kann ech meng Cheffin froen ob si nach ee sicht. B: Hmm, ech probéieren et als éischt emol mat der Nohëllef a wann net, da mellen ech mech nach eng Kéier bei dir. A: Ok, kee Problem. B: Merci awer fir deng Hëllef. A: ‘t ass gär geschitt. Ech hoffen, du fënns séier eppes, dat dir gefält. B: Ech och!