Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen diskutéieren, wou si hir Vakanz verbrénge wëllen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Vakanz um Mier oder an der Stad (B1) A: Hues du schonn iwwerluecht, wat s du an der grousser Vakanz maache wëlls? B: Nee, nach net genau. Ech schwanken tëscht enger Rees an eng Stad an enger Vakanz um Mier. An du? A: Ech géif léiwer op d’Mier fueren. No deene leschte stressege Méint brauch ech e bësse Rou. B: Ech verstinn. Mee, éierlech gesot fannen ech e Citytrip méi interessant. Et kann een esou vill kucke goen an erliewen! A: Dat ass wouer. Mee um Mier kann ee sech am beschten entspanen. Ausserdeem ass d’Wieder do meeschtens besser. B: Hm, dat kënnt dorop un, wuer ee fiert. A Südeuropa ass et am Summer oft immens waarm. Dat ass mir heiansdo ze vill. A: Also, ech si frou mat der Hëtzt. Ech leie léiwer an der Sonn, wéi de ganzen Dag duerch eng Stad ze trëppelen. B: Ech ginn dogéint léiwer ronderëm an entdecken nei Plazen. An enger Stad gëtt et einfach méi Ofwiesslung: Muséeën, Resturanten, Butteker… A: Mee, ass dat net och ustrengend? An der Vakanz wëll ech eigentlech net esou vill plangen. B: E bësse plange gehéiert dozou, mee dat mécht mir och Spaass. Ech si léiwer méi aktiv wéi just op der Plage ze leien an ze faulenzen. A: Nëmmen op der Plage leie géif ech och net. Et kann ee jo och Ausflich maachen. Mee insgesamt ass eng Vakanz um Mier méi relax fir mech. B: Vläicht wier e Mix am Beschten. Eng Stad um Mier, zum Beispill. A: Dat ass eng gutt Iddi. Esou huet ee béid Saachen: Kultur an Erhuelung. B: Genee. Da kéint ee moies d’Stad kucke goen an nomëttes op d’Plage goen. A: Dat kléngt ideal. Mee esou Plaze sinn oft méi deier, oder? B: Jo, leider schon. Eng reng Rees an eng Stad ass oft méi bëlleg wéi eng Vakanz op enger beléifter Destinatioun um Mier. A: Fir mech ass et awer wichteg, datt ech mech gutt erhuele kann. Dofir géif ech och léiwer e bësse méi Suen ausginn. B: Ech verstinn däi Punkt. Fir mech ass de Präis méi wichteg. Ech géif léiwer méi bëlleg reesen an dofir méi gesinn. A: Also, ech fannen eng schéi Plage méi wichteg wéi vill Aktivitéiten. B: An ech fannen Aktivitéite méi wichteg wéi Erhuelung. Mir hu wierklech ënnerschiddlech Prioritéiten. A: Haha, dat ass wouer. Mee genau dofir ass eng Kombinatioun vläicht déi bescht Léisung. B: Jo, ech denken och. Wou kéint een dann esou eppes maachen? A: Vläicht an Italien oder a Spuenien. Do ginn et vill Stied direkt um Mier. B: Spuenie géif mir méi zousoen. D’Stied sinn do oft méi lieweg, fannen ech. A: Mir gefält Italie besser, virun allem wéinst dem Iessen. B: Do hues de Recht, ech fannen italieenescht Iessen och wierklech besser. A: Also, Italien oder Spuenien? B: Hmm… schwiereg. Vläicht musse mir vergläichen, wat méi bëlleg ass. A: Gutt Iddi. A vläicht kucke mir och, wou d’Wieder am Beschten ass. B: Genee. A wou net ze vill lass ass – dat ass mir och wichteg. A: Mir och. Ech géif léiwer op eng roueg Plaz goen. B: Da siche mir am beschten zesummen eppes eraus. A: Jo, komm, mir kucken den Owend zesummen a vergläichen e puer Präisser. B: Perfekt, ech freeë mech schonn! A: Ech mech och! Egal, wuer mir fueren – Haaptsaach Vakanz an am wichtegsten zesummen!