Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt zwou Noriichten iwwer Hënn. Duerno héiere mir, wéi zwee Noperen e Catsitting organiséieren. - Transkript: Zwou Noriichten iwwer Hënn A: O, wow! B: Wat ass? A: Hei steet, datt zu Stuttgart e Labrador aus engem Mouer gerett gouf. B: O mei! Wéi ass en dann do erakomm? A: E war vun doheem fortgelaf an am Beräich vun engem Séi am Bulli agesackt. E konnt sech net méi vun eleng befreien! B: O, deen aarme Mupp! A: Jo, e war anscheinend an enger liewensgeféierlecher Situatioun! B: An dunn? A: Spadséiergänger hunn am Nomëtteg dem Hond säi Gebills héieren an d’Pompjeeë geruff. B: Zum Géck hu si dat héieren! Wéi hunn d’Pompjeeën den Hond dann du gerett? A: Fir d’éischt hu si en Zougank bei den Hond misse leeën, well de Buedem jo net fest war. B: A wéi hu si dat gemaach? A: Si hunn dat mat Deeler vun enger Leeder gemaach. Du goufen zwee Secouristen am Neopren mat Seeler geséchert an du konnte se den Hond erreechen a schlussendlech befreien. U Land gouf en du mat Waasser versuergt. B: Uff! A: D’Police huet d’Besëtzerin ermëttelt an hir den Hond, de Leo, erëm iwwerreecht. B: Schéin! A: Et waren am Ganzen zéng Pompjeeën am Asaz! B: Wow! Wat eng Geschicht! Ech hoffen, de Mupp erhëlt sech geschwë vun deem Schreck! A: Ech och! B: Ech hunn och eng Geschicht vun engem Hond héieren, mee do ass den Hond den Held oder besser: d’Heldin. Et ass eng Hondsdamm. A: Erziel! B: An der Nuecht war bei enger eelerer Koppel am Keller e Feier ausgebrach. D’Fra hat géint 1 Auer den Noutruff gewielt a si an hire Mann konnte mat Zäit d’Haus verloossen, ier d’Rettungsekippen an d’Pompjeeën op d’Plaz koumen. Déi zwee hunn awer misse mat Verdacht op eng Dampvergëftung an d’Spidol, mee et hätt kënne méi schlëmm ausgoen. Mee, dank hirer Hondsdamm ass net méi geschitt. Déi hat nämlech esou laang gebillt, bis d’Koppel erwächt ass a gemierkt huet, dass d’Haus voller Damp war. A: Super! B: An net nëmme koum si mat Zäiten eraus, och d’Feier war relativ séier geläscht. A: Wéi geet et dem Hond? B: Deem ass och näischt geschitt! A: Weess een, firwat et gebrannt hat? B: Jo, iergend en Defekt un enger Modelleisebunn. A: O! Glécklecherweis ass et gutt ausgaang! Catsitting an nom Haus kucken A: Salut Julie, hues du kuerz Zäit ? B : Jo, wat ass lass ? A : Ma, ech fueren d’nächst Woch fir zéng Deeg an d’Vakanz an ech hunn nach kee fonnt, deen no menger Kaz, dem Luna, kucke kann. Kéints du dat villäicht maachen? B: Jo, natierlech! Wat muss ech da genee ech maachen? A: Merci! Dat hëlleft mir vill. Also, d’Luna och ganz léif an onkomplizéiert. Ech brauch just een, deen him all Dag moies an owes d’Fudder gëtt a frësch Waasser dohi stellt. B: Dat kann ech maachen. Geet d’Luna net eraus? A: Nee, hatt ass gewinnt, dobannen ze bleiwen. B: An der Rei. Soll ech villäicht soss nach eppes maachen, wärend s de an der Vakanz bass? A: Jo, kéints du vläicht all puer Deeg eng Kéier an d’Boîte kucke goen an de Courier eraushuelen? B: Kee Problem, dat maachen ech. Soss nach eppes? A: Nee, ech mengen net. A… dach. Du kéints vläicht owes eng Kéier d’Fënster opmaachen an e bësse lëften, a kucken, op d’Planzen um Balcon kee Waasser brauchen. D’Stränz steet och um Balcon. B: Ok, dat geet. A: Merci! Hei ass de Schlëssel. B: A wéini kënns du zeréck? A : Den 18. Mee, owes. B : Ok, et ass notéiert. A: Merci fir deng Hëllef, Julie, ech wäert mech bei dir revanchéieren.